Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
An engem extreemst spannende Match hunn d’Gladiators vun Tréier géint d’Hamburg Towers mat 84-83 gewonnen.
Topscorer war d'Gebuertsdaagskand Simon Schmitz mat 27 Punkten, 8 Assists an engem Steal, ma den Held vum Owend war keen aneren wéi den Thomas Grün. 8 Sekonnen viru Schluss sinn d’Hamburg Towers nach eng kéier mat 2 Fräiwërf a Féierung gaangen. Am Géigenzuch huet de Schmitz nach e Schoss vun der Dräierlinn probéiert, ma dee war just op de Rank gaangen an am Rebound huet den Thomas Grün dunn mat engem herrlechen „Buzzer Beater Tipp-in“ de Match fir seng Faarwen entscheet.