Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
D'Feministinne hunn um Dënschdeg den Owend de "Pussy Riot Theatre" an der Kufa zu Esch presentéiert, eng Punk-Rock-Performance an där d'Band hir Geschicht an hir Skandaler erzielt. D'Performance baséiert op d'Buch "Days of Insurrection" vum Maria Alyokhina, Member vun de Pussy Riot.
Déi 3 Frae si virun allem bekannt, well se 2012 an enger Kathedral e sougenannt Punk-Gebitt géint den deemolege Premier Wladimir Putin presentéiert haten.
Si goufen zu zwee Joer an engem Aarbechtslager veruerteelt, waren awer 2013 fréizäiteg erauskomm, well de Putin se begnodegt hat.