Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Eis Fotografen Ketty a Rom Hankes hunn de Weekend nees eppes vun hirer "To-do-Lëscht" konnte sträichen. Mam Nico sengem Ballon goung et fir si an d'Luucht. Hei hire perséinleche Reportage.
Laang Zäit hate mer driwwer geschwat an et gouf och scho fréi op eis Lëscht gesat. Dobäi war et dunn awer emol bliwwen. Ma viru knapp zwou Wochen hu mer den Entschloss getraff, fir Ticketen z Buchen. An du goung et de leschte Samschdeg schonn an d'Luucht.
Moies beim Kaffi huet den Telephon gerabbelt a mir krute matgedeelt, datt mir um 18h45 un den Depart géife goen. An der Sauerwiss zu Dikrech goufe mer ofgeholl. Bei dräi Ballon op der Plaz krut jidderee säi Fluchgefier zougewisen, ma éier et an d'Luucht goung, huet jidderee misste mat upaken an esou konnte mer eis e Bild maachen, wat op eis zoukéim.
Natierlech hu mir den Nico mat ville Froe gelächert an hien huet sech e Spaass draus gemaach, eis op alles ze äntweren. Eng kleng Stonn méi spéit huet sech de Kierfchen zu Dikrech an d'Luucht gehuewen an et goung Richtung Norden. Bekanntlech soe Fotoen respektiv Biller méi wéi Wierder, dofir hu mer eis Fotoe matbruecht, fir datt jidderee sech selwer e Bild ka maachen.
Nodeems mer a Richtung Buerschent ënnerwee waren, sot eis eise Pilot den Nico, datt mer bei Kehmen géife landen. Natierlech huet hien eis drop virbereet an eis gesot, wéi genau mir eis do misste verhalen. Grad esou douce, wéi mir fortgeflu sinn, esou si mir och zu Kehmen an enger frësch geméinter Wiss gelant.
Wann een dann esou do uewe schwieft, kann ee just nach genéissen: Déi Rou, déi wonnerbar Aussiicht an einfach déi Fräiheet. Wéi sot den Nico: "Wann ech fléien, kréien ech de Kapp fräi". A genau esou ass et och.
Et war fir eis e super Erliefnes. Op de Fotoe kann een dann och gutt erkennen, datt et eisen éischte Fluch war. Well jiddereen, deen eng 1. Kéier mam Nico flitt, gëtt gedeeft. Eis leschte Kéier, datt mir mam Nico a senger Crew ënnerwee waren, war et awer sécher net.