„…wenn überhaupt etwas dazu fähig ist, ist es die Erinnerung, die die Menschheit retten wird.“, dëst Zitat vum Elie Wiesel fënnt een op der éischter Säit vum Jay Schiltz senger Erzielung „Aschengänger“. An nach en zweet Zitat, dës Kéier vum Primo Levi: „ Es hat sich gegen jede Vorhersage ereignet, es hat sich in Europa  ereignet, es ist geschehen und folglich kann es wieder geschehen.“ Mir däerfen nimols vergiessen, sou de Message vun deenen zwee Auschwitz-Iwwerliewenden. Genee dëse Message gräift de Jay Schiltz a séngem Buch op. D’Bea Kneip huet sech mat him ënnerhalen.

„Aschengänger“ vum Jay Schiltz ass bei den Editions Guy Binsfeld erauskomm.

RTL

© RTL/ Bea Kneip