Een Dag virum Enn vun der Weltausstellung zu Osaka gouf Lëtzebuerg mam Präis fir den nohaltegste Pavillon ënner 1.500m2 ausgezeechent.

E Sonndeg um Virowend vum Enn vun der grousser Weltausstellung zu Osaka gouf et nach en allerleschte Präis fir de Grand-Duché, dat fir deen nohaltegste selwergebaute Pavillon ënner 1.500m2. Dëse Präis gouf iwwerreecht vum Bureau International des Expositions, deen zanter 1931 d'Weltausstellunge geréiert a kontrolléiert.

Nieft der Kategorie Nohaltegkeet gouf et awer och nach Präisser fir de Pavillonen hir Architektur, externen Design, Design vun der Ausstellung selwer an och fir d'Entwécklung vun enger Thematik. Ënnerdeelt goufen all dës Kategorien ëmmer a Pavillonen ënner an iwwer 1.500m2.

Wat d'Zefriddenheet vun de Visiteuren an och déi medial Resonanz ugeet, hat den Nikkei Marketing Journal de Lëtzebuerger Pavillon schonn op déi drëtte Plaz gesat.