“D’Pandemie ass déi schlëmmste Kris bis ewell an der Loftfaart”, dat seet de Guillaume Faury, de Chef vum europäesche Fligerkonstrukteur Airbus. Wa se dann iwwerhaapt iwwerliewen, wäerten déi meescht Fluggesellschafte weltwäit Fliger ofstoussen a Mataarbechter entloossen. Vill vun de Maschinne wäerte net méi gebraucht ginn. Dat massiivt Aussortéieren huet schonn ugefaangen.
De gréissten europäesche Fligerkierfecht ass zu Teruel a Spuenien, op hallwem Wee tëscht Madrid a Barcelona. De Fluchhafen ass offiziell e Parking - Passagéier oder Trafic gouf et hei ni - mee et mécht ee sech keng Illusiounen, dass verschiddener vun de Maschinnen, déi elo do stinn, op d’mannst net méi vun hiren aktuelle Proprietären, ofgeholl ginn.
Hei stinn en etlech Dose Maschinne ronderëm, déi fir den Ament ausrangéiert sinn, well se net méi gebraucht ginn. Fligeren um Buedem kaschte Geld a brénge näischt an.
De Klima zu Teruel ass dréche wéi eng Hallef-Wüst, mat méi wéi 250 Deeg Sonn am Joer a mir hu vill Plaz. Et ass och wéineg Trafic am Loftraum. Et ass eng ideal Plaz, fir Fliger ze konservéieren.
De Business zu Teruel boomt zanter dem Coronavirus. D’Plaz um Tarmac fir 125 Fliger soll elo op 260 eropgesat ginn. An d’Demande hëlt net of, éischter am Géigendeel.
Dës Fligere gehéieren de weltwäit gréisste Gesellschaften, de gréissten an Europa, wéi Lufthansa, Air France, KLM, Emirates oder Etihad, déi si vu grousse Gesellschaften. Si si Clientë bei ons hei a mir hale se hei bis se erëm kënne fléien.
Eng aner Suerg an der Kris ass déi, dass d’Piloten um Enn nach musse kënne fléien. No de Reegele vun der ziviller Aviatioun muss e kommerzielle Pilot bannent 90 Deeg op d’mannst 3 Starten an 3 Landungen opweises hunn. Bei deene meeschte leeft den Ament de Compteur of a puncto Lizenz an Zertifikatioun.
Et ass roueg um Tarmac zu Teruel. De Kampf ëm d’Iwwerliewe vun enger ganzer Industrie spillt sech am Stëllen of. Méiglecherweis wäert déi ganz Loftfaart sech no dëser Kris verännert hunn. Méiglecherweis och zum Besseren.
