Tunnel MarkusbiergInstallatioun vun engem neie Streckeradar

RTL Lëtzebuerg
Villen Automobilisten ass opgefall, datt op der A13 tëscht Schengen a Péiteng am Tunnel Markusbierg Radaren installéiert goufen.
Streckeradar op der A13
Virum Tunnel Markusbierg gëtt aktuell e weidere Radar installéiert.

Den zweete Streckeradar am Land beim Tunnel Markusbierg gëtt den Ament opgeriicht. Am September oder Oktober kéint en a Betrib goen.

En Dënschdeg ass mat den Aarbechten op der A13, der Saarautobunn, ugefaange ginn. D’lescht Joer hat de Minister François Bausch annoncéiert, datt sou en zweete Streckeradar kënnt.

Wa bis alles fäerdeg installéiert ass, da muss de Radar nach kalibréiert an homologéiert ginn, esou d’Dany Frank aus dem Transportministère. Duerno kënnt eng Testphas.

Am fréien Hierscht, also am September oder Oktober, kéint de Streckeradar Markusbierg dann „richteg“ blëtzen.

Back to Top
CIM LOGO