E puer Schréipsen am Lack

© Eric Steichen
Als Mesure géint d'Logementskris huet den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden versprach, hie géif TVA-Logement fir Investisseuren nees op dräi Prozent erofsetzen, wann d’CSV an d’Regierung kéim.
Domat wëll hien déi Investisseure lackelen, nees méi an de Bau vu Locatiounswunnengen z’investéieren. Mee domat huet de fréiere Finanzminister bewisen, datt hien och just esou kompetent ass wéi seng Beamten.
E Jurist misst wëssen, datt dat net geet. Sou huet den LSAP-Minister Franz Fayot, selwer Jurist, de Geck mat him gemaach. Den Direkter vum Enregistrement huet et confirméiert. Ënnert der neier TVA-Direktiv, ass dat, wat de Luc Frieden versprach huet, net méiglech.
Vun där Direktiv wosst de Luc Frieden näischt. Do kann hie sech elo dréinen a kéiere wéi e wëll, der blo-rout-grénger Regierung politesch Feeler virwerfen, fir ofzelenken. Dat ännert näischt un der Tatsaach, datt den CSV-Spëtzekandidat déi Entwécklung verpasst hat.
Datt hien ausgerechent an enger Steierfro net um leschte Stand war, dat hannerléisst natierlech e puer Schréipsen am Lack vum Ex-Budgets- a Finanzminister, dee beim Public gäre mat senger Fachkompetenz Punkte sammelt – a surtout och selwer dru gleeft.
Dofir seet de Luc Frieden selbstbewosst, hie géif der EU-Kommissioun an den anere Memberstaate scho plausibel maachen, firwat d’TVA-Logement hei misst op en Niveau erof, deen et a soss kengem EU-Land gëtt. Hien hätt scho vill esou Verhandlunge gefouert.
Do kann ee fir de Kandidat Luc Frieden just hoffen, datt d’Wieler sech net méi esou genee drun erënneren, wéi esou munch vun deene Verhandlungen ausgaange sinn. Schliisslech war et ënnert dem Budgetsminister Luc Frieden, wou Lëtzebuerg op déi berüümte gro Lëscht vun de Steieroase gerode war. An et war och hien, deen 2013 aus Versinn an engem Zeitungsinterview d’Bankgeheimnis ofgeschaaft hat, well d’Froen net richteg gelies gi waren.
Wéi wäit, kann ee sech och froen, ass et mat der Finanz- a Wirtschaftskompetenz vun engem Kandidat hier, dee versprécht, d’Steiere fir jiddereen erofzesetzen? An, datt déi Mesure esou vill Croissance géing generéieren, datt doduerch nees méi wéi genuch Steiere erakommen?
Hat an der Chambre de Commerce da keen dem President erkläert, datt esou Steierkaddoen an enger Ekonomie, déi sou vill importéiert wéi Lëtzebuerg, zum groussen Deel iwwert d’Grenz verschwannen, datt hei kaum en Impakt op de PIB bleift?
Mat esou Gaffe weist de Luc Frieden ee fir allemol, datt hien als Minister och just esou kompetent ass, wéi seng Beamten. An där huet hien zanter 2013 bekanntlech keng méi.