Däitschland350 Leit mussen a Quarantän, nodeems se u Mass deelgeholl hunn

RTL Lëtzebuerg
Am Norden vun Däitschland, am Landkrees Vorpommern-Rügen, kruten 350 Persounen eng haislech Quarantän ordonéiert.

Si haten fir Päischten un engem vun deene véier Gottesdéngschter deelgeholl, déi vun engem infizéierte Paschtouer gehale goufen.

Den zoustännege Landrat huet matgedeelt, dass nieft dem Geeschtlechen an Tëschenzäit och 7 Persounen, déi bei der Mass dobäi waren, positiv getest goufen.

Back to Top
CIM LOGO