Zensur a Brasilien?Wéi vill Leit infizéiert oder gestuerwe sinn, gëtt net méi matgedeelt

RTL Lëtzebuerg
Déi brasilianesch Regierung wëll keng Gesamtzuel vun de Coronavirus-Fäll an den Doudesaffer méi am Internet publizéieren.

De Gesondheetsministère huet och déi all d’Daten, déi d’Entwécklung vun de leschte Méint opweist, geläscht.

De President Jair Bolsonaro huet op Twitter erkläert, dës Donné’en géingen net erëmginn, wou sech d’Land den Ament géing befannen.

Zulescht hat Brasilien méi wéi 670.000 Fäll vu Coronavirus gemellt. Nëmmen d’USA hu méi confirméiert Infektiounen. D’Zuel vun den Doudesaffer a Brasilien louch deene leschte Meldungen no bei 36.000.

Back to Top
CIM LOGO