
Wéinst der Corona-Kris gëllt a Spuenien zënter Enn Mäerz en allgemengt Areesverbuet, well d’Situatioun do jo ganz uerg war. No änlechen Ukënnegungen aus Italien oder Portugal, huet och déi spuenesch Regierung elo awer eng Reouverture vum Tourismus vum Juli un ugekënnegt.
Den 1. Juli ass den Datum, ab deem et uechter ganz Spuenien keng gréisser Mobilitéitsrestriktioune méi soll ginn. Dat gëllt och fir déi méi uerg betraffe Groussstied ewéi Madrid oder Barcelona. Et ass dann och vum 1. Juli un, datt d’Touristen erëm bal ewéi gewinnt a Spuenien kënne reesen. Bis dohin gëllt awer weiderhin eng obligatoresch Quarantän vun 2 Wochen no der Arees.
Op e puer Verännerunge muss ee sech awer astellen. A Restauranten a Baren, mä och op de Plagen wäert e Mindestofstand musse respektéiert ginn an et wäert wuel iwwerall eng maximal Kapazitéit u Leit gëllen. Och fir Touristenattraktiounen ewéi der Sagrada Família ginn et änlech Virschrëften. Vill grouss Evenementer ewéi Foiren a Musekfestivaler si mëttlerweil ofgesot. D’Saison vun der spuenescher Futtballliga soll op en Enn gespillt ginn, mä warscheinlech ouni Public an de Stadien.
D’Decisioun vun der Reouverture kënnt vun der spuenescher Regierung, nodeems d’Coronavirus-Zuele sech an de leschten Deeg séier verbessert hunn. Mëttlerweil sinn Doudesfäll éischter eng Ausnam, an och d’Zuel vun de Neiinfektiounen ass enorm zréckgaangen.
Den Tourismus ass a Spuenien de wichtegsten Wirtschaftssekteur. E representéiert 15% vum spueneschen Produit Brut an ass verantwortlech fir eng 3 Milliounen Aarbechtsplazen. D’lescht Joer war mat 84 Milliounen Touristen nach e Rekordjoer gewiescht. De Kontrast zu den Zuelen dëst Joer ass zolidd: Offiziellen Zuelen no wier zum Beispill am Abrëll keen eenzegen Tourist a Spuenien ukomm.
Och wann den Tourismussekteur also sou lues opootmen dierf, weist een sech trotzdeem skeptesch. D’Regierung hätt ze spéit gehandelt, zemools wëll aner Länner ewéi Italien oder Portugal scho längst eng Reouverture fir d’Touristen aus dem Ausland annoncéiert haten.
Ob dëse Summer also genee souvill Touristen de Wee a Spuenien wäerte fannen, ass éischter onwarscheinlech. Et rechent ee mat enger Baisse vun op d’mannst 60%. Hëllefen dierft dobäi och net, datt d’Regierungen a Frankräich an Däitschland hire Bierger weiderhi vu Reesen a Spuenien ofroden.
