ChinaRegierung gesäit kee Feeler am Ëmgang mat der Pandemie

RTL Lëtzebuerg
Déi chinesesch Regierung huet sech aus eegener Siicht näischt virzewerfen, wat hiert Handele wärend der Corona-Kris betrëfft.

Dat huet d’Regierung esouguer schwaarz op wäiss an engem Grondsazpabeier festgehalen. D’Regierung huet um Sonndeg dat sougenannt “Weißbuch” iwwert d’Corona-Kris, eng éischt Tëschebilanz vun der Pandemie, zu Peking virgestallt.

“Déi chinesesch Regierung huet Informatiounen iwwert den Ausbroch vun der Krankheet ëmmer gesetzestrai, zäitno, oppen a präzis publizéiert”, dat huet de Xu Lin, stellvertriedende Chef vum Zentralcomité vun der kommunistescher Partei, erkläert.

“Dat Dokument beleet, dass China direkt op d’Suerge vun der Bevëlkerung reagéiert huet an an der Verantwortung fir Mënscheliewen, fir d’Vollek, fir d’Geschicht a fir déi international Staategemeinschaft gehandelt huet.”

Op 66 Säite gëtt detailléiert beschriwwen, wéi déi chinesesch Autoritéiten de Coronavirus bekämpft a schliisslech um Enn d’Lag an de Grëff kritt hunn. Op Feeler oder Mëssstänn vun der chinesescher Regierung gëtt net agaangen.

Domadder steet d’Dokument a klorem Widdersproch zu Analyse vun Experten an och zu Recherchë vun internationale Medien. Si beleeën ausféierlech, dass déi chinesesch Regierung virun allem am Ufank vun der Coronavirus-Kris Enn 2019 wichteg Informatiounen ignoréiert an esouguer vertuscht huet. Esou si Journaliste verschwonnen, et goufe Medieberichter iwwert d’Lag zu Wuhan verhënnert oder zenséiert an déi international Zesummenaarbecht ausgebremst.

Back to Top
CIM LOGO