Restriktioune bleiwe fir weider 15 Deeg a Kraaft
© AFP (Archiv)
A Frankräich geet antëscht ee Véierel vun den Doudesfäll op de Covid-19 zeréck, dat sot de Ministerpresident Jean Castex en Donneschdeg.
Et géifen haut méi Mënschen am Spidol behandelt gi wéi beim Héichpunkt vun der éischter Well am Abrëll, sou de Castex en Donneschdeg den Owend op enger Pressekonferenz.
Wärend der leschter Woch wär zwar d'Zuel vun den neie Fäll e bëssen zeréckgaangen, wat eng positiv Entwécklung duerstellt, ma déi aktuell Restriktioune solle fir op d'mannst nach 15 Deeg gëllen, sou de franséische Ministerpresident.
Weider Detailer bei de Kolleege vum 5minutes.
Vill Fransousen hale sech net u Lockdown-Reegelen
Heemlech Treffe mat der Famill oder Frënn: Ronn 60 Prozent vun de Fransousen hunn op d'mannst eemol géint d'Corona-Ausgangsspär verstouss, déi zanter zwou Woche gëllt. Dat huet eng Ëmfro vum Instituts Ifop erginn, déi en Donneschdeg zu Paräis publizéiert gouf. Ronn 23 Prozent hunn uginn, datt si sech mat Familljemembere getraff hunn, ronn 20 Prozent hu Frënn doheem empfaangen oder se besicht. Knapp all Zéngten huet sech deemno mat engem Sexpartner getraff. Anerer hunn uginn, fir Spadséiergäng oder Sport déi erlaabt Grenz vun enger Stonn pro Dag am Ëmkrees vun engem Kilometer ronderëm d'Wunneng iwwerschratt ze hunn. De Chef vun der Ifop-Studie, François Kraus, huet gesot, datt deen zweete Lockdown a Frankräich däitlech manner respektéiert gëtt wéi nach am Fréijoer. "Et gëtt manner Suergen ëm d'Gesondheet, besonnesch bei jonke Mënschen", huet hir festgestallt. Allerdéngs leiden och méi Fransousen ënnert den neien Ausgangsrestriktiounen: 28 Prozent vun de Befroten huet uginn, "schlecht Laun" ze hunn, 38 Prozent hu vu Schlofstéierunge geschwat. Dat waren der däitlech méi wéi nach am Fréijoer.