
2020 goufen 11% méi Vergewaltegunge gemellt, sou wéi 9% méi Fäll vu Gewalt am Stot. Dat huet de franséischen Inneministère zu Paräis en Donneschdeg matgedeelt. D’Regierung gesäit doran en “Zesummenhang mat der Gesondheetskris”.
Dës Hausse wier opfälleg, well déi meescht aner kriminell Delikter an der Corona-Pandemie zeréckgaange wieren, heescht et weider an der Analys vum Ministère. Abréch an Déifställ sinn zum Beispill ëm knapp 60% zeréckgaangen.
Am Kader vun der #MeToo-Debatt hate sech d’lescht Joer a Frankräich däitlech méi Vergewaltegungsaffer gemellt. 2019 louch d’Hausse bei 19%, dat Joer virdrun 18%. Wärend dem Corona-Joer 2020 goufen a Frankräich op en Neits méi Fäll vun haislecher Gewalt gemellt. Dobäi geet et an der Statistik just ëm déi offiziell gemellte Fäll, Experte ginn vun enger vill méi héijer Donkelziffer aus.
Déi franséisch Regierung huet am Hibléck op dës Entwécklung d’Gesetzer verschäerft: Ënner anerem kënnen Dokteren hir Schweigeflicht briechen, wa Gefor fir en Affer vu Gewalt besteet. Donieft gouf eng landeswäit Noutruffnummer fir mësshandelt Frae lancéiert.