FrankräichParlament hëllt Gesetz zum "Pass vaccinal" un

RTL Lëtzebuerg
Den neie Corona-Impfpass gëtt Realitéit. Den entspriechende Gesetzestext gouf e Sonndeg am franséische Parlament ugeholl.

215 Deputéiert hunn dofir gestëmmt, 58 dogéint a 7 hu sech enthalen. Den neien “pass vaccinal” wäert den “pass sanitaire” ersetzen. An Zukunft gëllt also d'2G-Reegel a Restauranten oder am Kino. Virdrun ass en negative Corona-Test duergaangen.

17/01/2022 Pass vaccinal a Frankräich 12h30 - Reportage Maxi

Déi sozialistesch Deputéiert hunn e Sonndeg iwwerdeems annoncéiert, den Text dem Verfassungsgeriicht virzeleeën. Domat dierft d’Annonce vum neie Gesetz nees ëm e puer Deeg no hanne verréckelt ginn. U sech sollt d’Gesetz schonn e Samschdeg a Kraaft trieden, ma d’Nationalversammlung an de Senat konnte sech trotz deeglaange Gespréicher net eenegen. E Samschdeg de Moie koum et dunn zu engem Kompromëss.

E Samschdeg sinn zéngdausende Fransousen op d’Strooss gaangen an hu sech géint de neie Pass ausgeschwat. Zwee AFP-Journaliste goufen am Kader vun dëse Manifestatioune vun engem Grupp vu presuméierte Rietsextremisten attackéiert a mat Doudesmenacë konfrontéiert. Wéi sech Sécherheetsbeamte virun ee vun de Reporter gestallt hunn, goufe si physesch attackéiert. Ee vun hinne gouf mat enger Fläsch ugegraff an um Kapp blesséiert.

Donieft sinn e Samschdeg nei Corona-Reegelen a Kraaft getrueden. Erwuessener, deenen hir 2. Impfung iwwer 7 Méint hier ass an nach kee Booster kruten, gëllen elo offiziell net méi als geimpft. Wéi et vum franséische Gesondheetsministère heescht, wieren eng 560.000 Fransouse betraff.

Back to Top
CIM LOGO