BistumBis den 10. Mee keng ëffentlech Massen

Roy Grotz
Och wann u sech den Etat de crise Mëtt Juni ausleeft, sou bleift de Bistum virsiichteg a senger Approche iwwert d'Ofhale vu kierchleche Feierlechkeeten.

Dat si Feierlechkeete wéi d'Massen, mee och Trauerzeremonien, Dafen, Firmungen, Bestietnesser oder Kommuniounen.

Bis op d'mannst sonndes, den 10. Mee wäerte keng ëffentlech Masse gefeiert ginn - duerno gëtt d'Situatioun vum Bistum bewäert an ugepasst.

Anescht geet den Äerzbistum vir, wat d'Kommuniounen oder d'Firmungen ugeet - dës Celebratioune bleiwen bis Mëtt September, d'Schoulrentrée also, annuléiert a sollen och net vun de Geeschtlechen an de Paren geplangt ginn.

Wat kierchlech Bestietnesser oder Dafen ugeet, sou ginn dës u sech och déi nächst 5 Méint net gehalen, et gëllen awer Exceptiounen, ënner gewësse Konditiounen, heescht et aus dem Bistum.

D'Katechese, also de Reliounsunterrecht an de Paren, geschitt bis d'Summervakanz exklusiv digital.

Wéi et soss nach aus dem Bistum heescht, wier een am Gaang, un engem Protektiouns-Konzept mat sanitären Oploen ze schaffen, am Fall, wou nees Massen wäerten an de Kierchen uechter d'Land zelebréiert ginn.

Fir Begriefnesser gëllt bis op Weideres, datt fir dës Zeremonien nëmme Leit aus dengem enksten Familljekrees zougelooss sinn, an datt dës "an aller Stëll" gehale ginn.https://www.cathol.lu/homepage-accueil/fir-d-eischt-a-la-une/gottesdienstverbot-bleibt-vorerst-bestehen-nur-digitale-katechese-bis-zu-den-sommerferien.html

https://www.cathol.lu/homepage-accueil/fir-d-eischt-a-la-une/gottesdienstverbot-bleibt-vorerst-bestehen-nur-digitale-katechese-bis-zu-den-sommerferien.html

Back to Top
CIM LOGO