Coronavirus zu Lëtzebuerg60 nei confirméiert Fäll, Zuel vun Doudesaffer klëmmt op 78

RTL Lëtzebuerg
E Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 3 geklommen ass.
© RTL-Grafik

D'Altersmediane läit bei 85 Joer. Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 60 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.618.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 34.962 Tester gemaach. Zanter e Méindeg waren et der 1.164 an dovunner waren der 60 positiv.

Aktuell sinn 185 Patienten hospitaliséiert, 32 dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 670 Mënschen (+33) d'Spidol nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO