VerwaltungsgeriichtEx-Staatsemployé wënnt Sträit mam Ministère fir den ëffentlechen Déngscht

RTL Lëtzebuerg
"Den Tribunal administratif gesäit de Recours als justifizéiert un: Deemno war den Aarbechtskontrakt à durée déterminée vum Mann net opzeléisen."

"De Staat muss och fir d'Fraisen opkommen!“

Sou heescht et an engem Urteel vum Verwaltungsgeriicht zum juristesche Sträit tëscht engem Staatsemployé an dem Ministère vum ëffentlechen Déngscht.

Verwaltungsgeriicht/Reportage Eric Ewald

De Mann war duerch e CDD, deen hien am Abrëll virzejoert ofgeschloss hat, als Employé de l’État am Nohaltegkeetsministère engagéiert ginn, vu Mee bis September 2018.

Am Juli hat de Mann awer schonn e Bréif vum Fonction publiques-Minister kritt, an deem stoung, dass hie sech net un d'Regele vum Horaire mobile hale géif, soudass hien no eppes méi wéi zwee Méint iwwer 33 Stonnen am Keller wär; op e Gespréich doriwwer wär de Mann och 20 Minutten ze spéit komm. Doropshin hätt hien ë.a. gesot kritt, dass hien déi souzesoen „Ënnerstonne“ séier sollt opschaffen; en Deel dovu kéint duerch Congésdeeg guttgemaach ginn. De Mann hätt du Besserung versprach, wär awer riicht weider gefuer.

Well hien och net korrekt schaffe géif, sollt de CDD opgeléist ginn; hien hätt 8 Deeg Zäit, fir seng Bemierkungen dozou ze formuléieren, housch et vum Ministère. Enn Juli krut de Mann du matgedeelt, hie bräicht den Dag drop net méi schaffen ze kommen, a 5 Deeg drop gouf de Kontrakt effektiv opgeléist. Am September goung de Mann dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht.

Deem seng 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass keen Element virléich, dat op„le moindre manquement par Monsieur“ hindeite géif an en Opléise vum Aarbechtskontrakt no sech zéie misst; dem Mann säin Dossier wär an deem Sënn eidel.

Dass de Mann Mëtt Juli 2018 en negative Solde vu 35 Stonnen opweises hat, wär eleng net schlëmm genuch, fir en Opléise vum Aarbechtskontrakt ze justifizéieren. Et géif keen Unzeechen dofir ginn, dass de Mann fir eng gewëssen Zäit e fixen Aarbechtshoraire operluecht kritt hätt. Et wär komplett onméiglech gewiescht, déi 35 Ënnerstonne bis de September opzeschaffen, an de Mann hätt och ni manner wéi 6 Stonnen den Dag geschafft. Den net-Respekt vun den Horaire mobiles-Regele géif deemno net duergoen, fir säin Aarbechtskontrakt opzeléisen. De Mann hätt awer keng Indemnité de procédure vun 3.000 an de Staat keng vu 1.500 € zegutt.

Back to Top
CIM LOGO