Coronavirus-PandemieD'Oktav gëtt dëst Joer online ofgehalen

Roy Grotz
D'Coronavirus-Pandemie huet natierlech och Repercussiounen op d'Oktav, déi iwwernächst Woch normal den 2. Mee ufänkt.

Mä déi Kéier gëtt se natierlech anescht ofgehale wéi gewinnt: nämlech online.

Et ass dëst eng eenzegaarteg Première fir d'Diözes, déi jo dëst Joer den 150. Anniversaire feiert.

An der Kathedral ginn d'Masse wärend der Muttergottesoktav ouni physesch Präsens vun de Gleewege gefeiert, mä natierlech hunn d'Leit d'Méiglechkeet, dëst online ze maachen, notamment och hei um Site.

Déi 3 Sonndesmassen, den 3., 10. a 17. Mee, gi moies och um hallwer 11 um Kanal vun RTL Zwee am Toun diffuséiert.

D'feierlech Andacht fir den Optakt vun der Oktav ass den 2. Mee nomëttes um 16 Auer, an der Woch sinn d'Pontifikalandachten och ëmmer um 16 Auer.

Oktavpriedeger ass dëst Joer den Abbé Jean-Pierre Reiners.

D'Kathedral an der Stad ass awer och wärend der Oktav fir d'perséinlecht Gebiet op, dat an der Woch tëscht hallwer 11 an nomëttes 15.30 Auer.

D'Schlussprëzessioun vum 17. Mee fält dëst Joer aus, dat selwecht gëllt fir de Mäertchen, deen NET wäert seng Stänn um Knuedler opschloen.

D'Pilgere bei d'Bild vun der Muttergottes an der Kathedral fält am Mee ewech, d'Pare si gefrot, dëst tëscht dem 10. an dem 18. Oktober no ze huelen.

Offiziellt Schreiwes

ONLINE OKTAV 2020 – OCTAVE 2020 EN LIGNE 

Dir Dammen an Hären,
Mesdames, Messieurs,

D'Oktav vum 2. bis de 17. Mee ënnert dem Theema „Zesumme Kierch sinn / Faire Église ensemble“ steet dëst Joer ënner anere Virzeechen. Wéinst der Corona-Pandemie ginn d'Gottesdéngschter an der Kathedral ouni physesch Presenz vun de Gleewege gefeiert. D’Gottesdéngschter kënnen iwwer d’Medie suivéiert ginn.

Entdeckt hei den adaptéierte Programm vun der Online-Oktav 2020.

À cause de la pandémie du COVID-19, les célébrations de l’Octave du 2 au 17 mai sous le thème „Zesumme Kierch sinn / Faire Église ensemble“ auront lieu sans présence physique de fidèles. Le public est invité à suivre les offices via les médias.

Découvrez ici le programme adapté de l’Octave en ligne 2020.

Lëtzebuergesch: Online-Programm vun der Muttergottesoktav 2020: https://cathol.lu/article8560  
Deutsch: Online-Programm der Muttergottesoktave 2020: https://cathol.lu/article8559
Français: Programme en ligne de l’Octave Notre-Dame 2020: https://cathol.lu/article8561
Português: Programa-online da Oitava a Nossa Senhora 2020: https://cathol.lu/article8562
English: Online Program of Our Lady Octave 2020: https://cathol.lu/article8563

---

DIE MARIENWALLFAHRT IN DEN MEDIEN
Oktavübertragungen auf .dok, rtl.lu, wort.lu und cathol.lu
.dok überträgt in Ton und Bild die tägliche Pontifikalandacht mit Predigt aus der Kathedrale live um 16 Uhr und zeitversetzt um 18 Uhr (am Montag: 19 Uhr) sowie um 23 Uhr. Die Eröffnungsandacht am Samstag, 2. Mai, um 16 Uhr sowie die drei „Radiomessen“ an den Sonntagen, 3., 10. und 17. Mai, jeweils um 10.30 Uhr auf den üblichen Kanälen, werden von .dok als Fernsehsendung übertragen. Die Oktav-Eröffnung wird am Samstag ebenfalls um 18 und 23 Uhr wiederholt. Die sonntäglichen „Radiomessen“ sind ebenfalls um 10.30 Uhr auf RTL ZWEE als Audioübertragung zu hören.

Ein Livestream aus der Kathedrale wird ganztägig im Internet angeboten auf www.cathol.lu, www.rtl.lu und www.wort.lu .

Auf www.cathol.lu stehen die Predigten des Oktavpredigers als Text sowie als Audiofile zum Nachlesen und -hören bereit.

---

D’Kathedral ass wärend der Oktav fir d’perséinlecht Gebiet op:
méindes bis freides 10.30-15.30 Auer
samschdes 10.30-14.30 Auer
sonndes 12.00-14.30 Auer

Pendant l’Octave, la cathédrale restera ouverte pour la prière personnelle:
lundi-vendredi 10h30-15h30
samedi 10h30-14h30
dimanche 12h00-14h30

Back to Top
CIM LOGO