
De Chauffer vun engem an Däitschland gemellten Auto hat Passanten aggresséiert a menacéiert an ass dono geflücht. D'Police huet dat un hir däitsch Kolleege weiderginn a kuerz drop koum schonn d'Reaktioun, datt een d'Gefier fonnt hat. De Mann hat zu Tréier en Accident verursaacht a bei der Kontroll vun de Beamte koum eraus, datt hien ze vill gedronk hat an op Droge war.
Kuerz no Hallefnuecht ass de Beamten zu Miersch en Automobilist op der N7 duerch säi Fuerstil opgefall. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Führerschäin ass fort.
Zu enger Kläpperei koum et dunn op der Place d'Armes an der Stad, dat géint 20 Auer e Mëttwoch den Owend. Eng vun de Persounen huet säi Rausch missten um Policebüro ausschlofen.