
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 9 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3980. Vun den Infizéierte sinn der 3.218 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.
Den Duerchschnëttsalter vun den 109 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 55 Prozent si Männer a 45 Prozent si Fraen. 65 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 64.981 Tester gemaach. Vun e Mëttwoch op en Donneschdeg ass dat eng Hausse vun 963 Tester, vun deenen der wéi gesot 9 positiv waren.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 130 aktiv Infektioune ginn an 3.741 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 62 (+5) Patienten hospitaliséiert, 6 dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 906 Mënschen d'Spidol nees verloossen.

De Reproduktiounstaux läit bei 0,997. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.
