
En Auto hat mat héijer Vitesse d’Police gekräizt. D’Police ass hannendru gefuer a konnt dee Won op der Héicht Terre Rouge stoppen. De Chauffeur hat ze vill gedronk. De Permis ass fort.
Zu Bartreng an der Leidelenger Strooss war dann nach géint 2 Auer e Cyclist gefall. Et huet sech eraus gestallt, datt dee Mann gedronk hat. De Führerschäin gouf agezunn.