
Sou gouf z.B. zu Esch um Boulevard Kennedy an an der rue de Belvaux an zwee Caféen agebrach. Um Cents gouf “op der Heed” an e Keller agebrach, zu Hollerech um Boulevard Charles Marx an en Appartement an zu Stroossen an der rue de l’église an en Haus. Zu Déifferdeng gouf et dann nach en Abroch an e Keller an der rue Neuwies.
Direkt 7 Autoe goufen dann opgebrach, dat zu Stroossen, an der Stad an zu Hesper.
Zu Jonglënster an der rue Kremerich gouf e Vëlo geklaut, grad ewéi an der Stad an der avenue Victor Hugo.