OnverantwortlechAlkoholiséiert Fra mat 3 Kanner am Auto ënnerwee
E Samschdeg géint 18 Auer gouf op der Route d'Esch zu Hollerech eng Automobilistin gemellt, well se am Zickzack ënnerwee war.
Eng Policepatrull huet d’Automobilistin kënne stoppen. Si hat 3 Kanner am Auto an definitiv ze vill Alkohol am Blutt. Si krut nach op der Plaz de Führerschäin ofgeholl.