Coronavirus zu LëtzebuergVun 3.117 Tester waren der 4 positiv, 24 Persounen nach hospitaliséiert

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 110 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 4 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.039. Vun den Infizéierte sinn der 3.260 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d’Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 88.051 Tester gemaach. Vun e Samschdeg op e Sonndeg ass dat eng Hausse vun 3.117 Tester, vun deene wéi gesot 4 positiv waren.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 30 aktiv Infektioune ginn an 3.899 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 24 (-6) Patienten hospitaliséiert, 1 dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 934 (+1) Mënschen d’Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,780. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO