Um FieldgenCGDIS-Formatioun fir Dréileederen

RTL Lëtzebuerg
Zil ass et, fir datt Dréileeder bannen achtzeg Sekonnen soll asazbereet sinn; déi dann a verschiddene Beräicher ka genotzt ginn.

Nodeems déi zwee éischt Deeg vun der Formatioun fir Dréileederen  vum CIS Lëtzebuerg beim Schluechthaus zu Hollerech ofgehal goufen, hunn um Samschdeg de Moien zwielef Pompjeeën de Postionnement vun den Dréileederen um Site vum Fieldgen trainéiert.

Zil ass et, fir datt Dréileeder bannen achtzeg Sekonnen soll asazbereet sinn; déi dann a verschiddene Beräicher ka genotzt ginn: bei engem Brand, fir Mënschen ze retten, fir d’technesch Material fir d’Pompjeeën an d’Gebaier ze kréien an och fir bei engem Brand fir d’Pompjeeën erëm séier aus engem Gebai ze kréien. Deemno ass et wichteg, datt de CGDIS genuch Méiglechkeeten kritt, fir esou Situatiounen ze üben.

Des Formatioun ass déi éischt fir dëst Joer a si gëtt ofgehal an Zesummenaarbecht mat Drehleiter.info vun Hamburg. An all Centre d’intervention, wou et Dréileedere gëtt, gëtt des Ausbildung ugebueden. Dëst Joer si weider Rendez-vousen Enn Juni zu Esch oder och nach am Oktober zu Klierf.

Back to Top
CIM LOGO