
Um Samschdeg den Owend géint 20 Auer hat um CR141 tëscht Dickweiler a Mompech e Motocyclist d'Kontroll vu sengem Gefier an enger Kéier verluer. De Mann ass gefall, op d'Géigebunn geroden an ënnert en Auto, deen entgéint koum, gerutscht. Dobäi gouf de Mann liewensgeféierlech blesséiert a koum, no enger Éischtversuergung op der Plaz, mam Rettungshelikopter an d'Spidol. D'Automobilistin an de Bäifuerer vum Auto goufen net blesséiert. De Parquet vun Dikrech hat de Miess an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geschéckt, fir all d'Indicen ze sammelen. D'Streck war fir eng Zäit gespaart.
Kuerz no 22 Auer gouf an der Géigend vun der Gare zu Uewerkuer e Mann iwwerfall a blesséiert. D'Täter, déi an engem Auto souzen, hate probéiert, fir d'Persoun an d'Gefier ze zéien, wat hinnen net gelongen ass. Doropshin hu se d'Affer mat engem onbekannte Géigestand op de Kapp geschloen an him seng Posch geklaut. De Mann koum mat enger Kappblessur an d'Spidol, d'Police huet d'Ermëttlungen opgeholl.
An der Rue du Fort Dumoulin an der Stad gouf da géint 21.20 Auer eng Foussgängerin vun zwee Männer iwwerfall. D'Männer waren hir nogaangen, hu si an e Gespréich verwéckelt an hunn hir dunn d'Posch geklaut. Ee vun de Männer hat dobäi d'Fra ofgelenkt, wärend deen aneren an hiren Akafsweenche gegraff hat an d'Posch erausgezunn huet. Dat Ganzt ass der Fra eréischt opgefall, wéi ee vun de Männer fortgelaf ass. Si huet eng Plainte deposéiert.