Bilan vun der DP-FraktiounDen Teletravail stoung am Mëttelpunkt

RTL Lëtzebuerg
Niewent dësem Sujet "Suicide", deen nom Doud vum Eugène Berger an der Kris nees an de Fokus komm ass, war den Teletravail Haaptsujet beim Bilan.
Bilan DP
Den Teletravail stoung am Mëttelpunkt.

Bilan vun der DP - Reportage Fanny Kinsch

"Mir däerfen de Suicide net tabuiséieren, well en ass och zu Lëtzebuerg eng Realitéit" - dat sot e Méindeg den DP-Fraktiounschef Gilles Baum virun der Press, dee sengem Virgänger Eugène Berger geduecht huet, deen am Januar dëst Joer gestuerwe war. D’DP huet de Bilan vum parlamentaresche Joer gezunn an en Ausbléck op dat nächst gemaach, fir dat d’Partei eng Interpellatioun zum Thema Suicide ugefrot huet.

Den Teletravail, deen duerch d’Kris onerwaart vun engem Dag op deen aneren e groussen Deel vun de schaffende Leit concernéiert huet, war fir d’DP-Fraktioun e Succès a soll deemno weider ausgebaut ginn.

Méi vun Doheem aus schaffen: Fir d'DP eng vun de Léieren aus der Corona-Kris. Grad wéi um Kongress virun engem Mount, war d'Teleaarbecht och Haaptthema um Rendezvous mat der Press haut an der Brasserie Schuman.

D’DP huet de Bilan vum parlamentaresche Joer gezunn an en Ausbléck op dat nächst gemaach, Fanny Kinsch.

An dobäi wollt se en Effort maachen, fir net nëmmen iwwert dat ze schwätzen, dat eisen Alldag zanter 4 Méint bestëmmt: de Coronavirus. De Fraktiounschef Gilles Baum huet sech iwwert d'Aféiere vum gratis ëffentlechen Transport, kuerz virun der sanitärer Kris, gefreet.
"Eng DP-Iddi huet hire Wee gemaach, eng DP-Iddi huet sech duerchgesat an eng DP-Iddi ass méi wéi Nation-Branding."

Ma och eng Initiative am Sënn vun der Liewensqualitéit an eng sozial Mesure, sou den DP-Fraktiounschef: "De Budget 2020 vum Finanzminister Pierre Gramegna ass dee soziaalste Budget, deen dëst Land bis elo kannt huet."

Den DP-Premierminister Xavier Bettel gouf och gelueft, fir d'Aféiere vum Europadag. Bei den Zäitspuerkonten misst een de Liberalen no nach e bësse méi wäit goen: "Mir bleiwen der Meenung, dass d'Regierung hei nach muss noleeën, datt effektiv jiddereen, deen zu Lëtzebuerg schafft heivunner ka profitéieren."

Am Mëttelpunkt vum Gilles Baum senger Ried stoung awer den Teletravail: "Eist Land huet an der Kris den Teletravail entdeckt a gréisstendeels ganz gutt Erfarungen domat gemaach, dat beleet op alle Fall eng Etüd vum STATEC."

Wéi schonn um Parteikongress annoncéiert, huet de Gilles Baum d’Fuerderung widderholl, datt d’Frontalieren der DP no an Zukunft 1 Dag an der Woch kenne vun Doheem aus schaffen.

"Et gëtt näischt fir näischt” sot de Finanzminister Pierre Gramegna zu der Fro, wéi dat konkret soll ëmgesat ginn. A sengen Ae wier den Teletravail an den aktuelle Konventiounen iwwert d'Duebelbesteierung mat den Nopeschlänner nach net spezifesch virgesinn: "Dat wat mer nach net ausgehandelt hunn, well dat guer net d'Iddi de Depart war, dat ass "wéi gëtt den Teletravail behandelt". Mir hunn elo eng administrativ Flexibilitéit kritt, datt elo an där Period vu 4 Méint guer net gerechent gëtt. Mee dat Wuert Teletravail, wat heescht et. Et heescht, et ass wéi wann een op senger Aarbecht wier. Teletravail heescht en fait "déi Leit sinn zu Lëtzebuerg. An do gesäit een, datt déi Dispositioun hunn, guer net gemënzt ass op den Teletravail."

Et wier nach ze fréi an de Verhandlungen, fir méi dozou ze soen, esou de Minister, deen iwwerdeems eng méi virsiichteg Conclusioun aus dem Teletravail zitt wéi de Gilles Baum: "Ech hu ganz vill Leit begéint, déi an den éischten 3 Wochen total begeeschtert waren, se hu gesot se wéilten nach just Teletravail maachen, och bei mir am Ministère. An no 3 Méint, do sinn der, déi sinn drëpseweis erëm komm, déi hu gesot, dat war ganz schéin, 3 Wochen Teletravail, mä d'Interaktioun feelt, de Kontakt mat de Leit feelt, an d'Verhandelen."

Back to Top
CIM LOGO