Deloitte-RapportLoyeren zu Esch an Déifferdeng méi deier wéi zu Bréissel

RTL Lëtzebuerg
An 2 Präis-Kategorien ass Lëtzebuerg op éischter Plaz: d'Präisser fir nei Appartementer am Joer 2019 an d'Präisser fir de Loyer op de Metercarré.
© Pixabay

D'Consultingfirma Deloitte huet fir hire Rapport 23 Länner ënnert d'Lupp geholl, mä och 63 Stied.

Deloitte-Rapport/Reportage François Aulner

A Punkto Loyer ass d'Stad Lëtzebuerg op Nummer 1 an huet Paräis iwwerholl, dat mat 30,4 Euro pro Metercarré. Esch, mat Loyere vun 21,8 Euro pro Metercarré, an Déifferdeng, mat 19,96 Euro pro Metercarré, packen et awer och an den Top 10, viru Stied wéi Kopenhagen, Madrid, München, Roum an natierlech och Berlin a Wien.

Och bei den Transaktioune läit Lëtzebuerg vir, mä net op éischter Plaz. Mat ronn 9.500 Euro pro Metercarré an der Moyenne fir d’Stad, 6.900 fir Esch a 5.800 fir Déifferdeng leien déi 3 gréisst Lëtzebuerger Uertschaften viru Bréissel, Oslo oder nach Amsterdam. D'Stad Lëtzebuerg ass awer souguer erëm méi deier wéi London. Just Tel Aviv a Paräis si méi deier.

Am Rapport vun Deloitte ass Lëtzebuerg awer och op éischter Plaz wat d’Neibauten ugeet. D'Consultingfirma nennt et "Housing Developpment Intensity": Lëtzebuerg géing am meeschte Wunnenge fäerdegstellen pro 1.000 Awunner an zwar 11,65. D’lescht Joer wieren esou 7.300 nei Wunnengen op de Marché komm.

Back to Top
CIM LOGO