
Nodeems eng Automobilistin op der Opfaart Schengen op d'Autobunn d'Spuere wiessele wollt ass se géint e Camion gerannt. Deen huet de Won e puer Meter matgeschleeft. Déi 2 Fraen déi am Auto souze waren uspriechbar. Se goufen nach op der Plaz ënnersicht an dunn an d'Spidol bruecht. Éischten Informatiounen no schwiewen se net a Liewensgefor.
Béid Fuerspueren op der Autobunn ware blockéiert an den Tunnel huet missen a Richtung Lëtzebuerg komplett gespaart ginn.