PressebriefingAm Privaten ass een op 10 Leit nees limitéiert, Tracing App ass méiglech

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend um 22.15 Auer war de Pressebriefing mam Premier Xavier Bettel an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
De Pressebriefing elo am Replay
...

En Aller-Retour vum Staatsminister vum EU-Sommet zu Bréissel an e Regierungsrot, deen 3 Mol am Sennenger Schlass no hanne verréckelt gouf, fir iwwer nei Anti-Covid-Mesuren ze decidéieren. De Briefing fir d’Press war géint 22 Auer.

Lëtzebuerg reagéiert mat neie Restriktiounen op déi zweet Corona-Well. Mir hunn d'Situatioun zwar nach am Grëff, mä si ass beonrouegend, sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Sonndeg den Owend spéit nom extraordinäre Regierungsrot.

Mat neie Mesurë wëll een d'Situatioun an de Grëff kréien an et wier ee gudder Déng, datt dat och klappt, sou d'Ministesch weider.

© René Pfeiffer / RTL Télé Lëtzebuerg

Am Privaten ass een op 10 Leit nees limitéiert

Haaptnouvelle ass déi, datt d'Zuel vun de Leit, déi dierfen am Private beieneekommen, vun aktuell 20 op maximal 10 Persounen nees wäert reduzéiert ginn. Et geet also ëm Invitéen, ouni d'Leit mat ze zielen, déi zesummen ënnert engem Daach wunnen. Am Private gëtt also d'Besuchszuel doheem nees limitéiert, well et genee do ass, wou sech déi lescht Wochen iwwer Leit mam Coronavirus infizéiert hunn.

Dës nei Restriktioune gëllen dobannen an dobaussen, och gëllt d'Reegel vum obligatoresche Sëtzen, wann ee bei engem op Besuch ass.

"Mir maachen dat, fir d'Tentatiounen ze limitéieren. Alles, wat iwwer 10 ass, do gëtt et e Risiko, datt d'Reegelen net respektéiert ginn. Wat zum Beispill d'Horesca oder d'Commercen ugeet, do wäerte mer lo net usetzen, do géif et lo keng Ursaach ginn, fir dat ze maachen. Mir sinn der Meenung, datt et mat dëse Mesurë kann a wäert duergoen.", esou d'Paulette Lenert.

D'Paulette Lenert iwwert déi nei Mesuren

Eng Campagne soll lancéiert ginn, fir do ze sensibiliséieren, wou et néideg ass. D'Kontrolle solle verstäerkt ginn.

© René Pfeiffer / RTL Télé Lëtzebuerg

Sanktiounen am Horesca-Domaine an Net-Respektéiere vu Quarantän

Da gëtt d'Sanktioun méi streng fir den Horesca-Domaine, deen d'Spärstonn oder d'Distanzreegelen net respektéiert, respektiv aner Betriber, datt nieft der Amende vu bis zu 8.000 Euro och eng Fermeture vun 3 Méint bei enger Recidive ka geschwat ginn.

Wa Betriber sollte Covid-Subsidë kritt hunn a sech net un d'sanitär Reegelen halen, kënne si neierdéngs sanktionéiert ginn, andeems si dës Sue mussen zeréckbezuelen.

Souwuel de Staatsminister, grad wéi d'Gesondheetsministesch hu preziséiert, datt d'Verhalen esou misst geännert ginn, datt d'Nei-Infektiounen nees erofginn. Et wier ee vigilent, alertéiert, avertéiert mee net schockéiert.

A well bewosst an d'Richtung geschafft gëtt, fir Leit ze bestrofen, déi sech net u Reegelen halen, ginn och déi Persoune sanktionéiert, déi d'Quarantaine NET respektéieren. Dat wier bei all Zéngten, deen am Isolement war, ewell de Fall gewiescht, wéi beim Tracing gemierkt gouf.

Tracing funktionéiert weiderhin, Tracing App och méiglech

Et wier een e bësse méi optimistesch beim Tracing, ee Moment hätt et schlecht ausgesinn, sou d'Gesondheetsministesch, ma e Samschdeg den Owend wier een nees zimmlech bäi gewiescht mat der Sich no de Kontakter.

Wat awer kloer wier, dat wier, datt deen do Rhythmus un Infektiounen net méi bäizebehale wier. Eng Gesellschaft kéint och net funktionéieren, wann d'halleft Land a Quarantän wier.

Och eng Lëtzebuerger Tracing App dierft Realitéit ginn, Gespréicher mam däitsche Robert-Koch-Instuitut an dës Richtung sinn entaméiert.

Sanitär Reegele goufen net verstanen, Appell un d'Populatioun

Allgemeng hätt ee festgestallt, datt déi sanitär Reegelen net verstane goufen oder vergiess goufen. De Premier Xavier Bettel huet e weideren Appell un d'Responsabilitéit vun de Leit gemaach.

"Et ass Egoismus, sech net drun ze halen. Mir gesinn d'Konsequenze fir Betriber, Restauranten, Leit, déi net an d'Vakanz kënne goen. Et ass en Appell net als Premier, mä een als Mënsch zu Mënsch. Et ka geschéien, datt ee krank gëtt, mä gitt Iech keng sichen a provozéiert net, datt de Virus sech verbreet. Et ass net vill, wat hei gefrot gëtt. Puer Minutte Freed kënne ganz vill Leed mat sech bréngen."

De Xavier Bettel appelléiert un d'Responsabilitéit

Mir sinn an enger Situatioun déi ze maitriséieren ass, mä mir mussen agéieren, esou de Premier Xavier Bettel. Hien hofft, datt et um legislative Wee elo séier geet mat de Changementer.

© René Pfeiffer / RTL Télé Lëtzebuerg

Wéi geet et weider?

De Staatsminister hat fir dëse Regierungsrot iwwregens extra den EU-Sommet zu Bréissel ënnerbrach a koum zeréck op Lëtzebuerg. Nom Conseil huet de Xavier Bettel sech nees op de Wee hannescht op Bréissel gemaach.

Net méi spéit wéi e Méindeg kritt d'Chamber d'Amendementer zum neie Covid-Gesetz ewell virgeluecht.

Datt et sech d'Regierung net einfach gemaach huet, weist, datt net nëmmen Decisioune séier geholl goufen, mee datt och nach gutt zwou Stonne kontrovers diskutéiert gouf.

Eréischt de leschten Donneschdeg war d'aktuellt Covid-Gesetz am Cercle vun der Chamber gestëmmt ginn, d'Deputéiert kommen dës Woch nach 3  Mol an der Plenière beieneen.

Offiziellt Schreiwes

Nouvelles adaptations des mesures de lutte contre la pandémie Covid-19 (19.07.2020)
Communiqué par: ministère d'État / ministère de la Santé

Face à la recrudescence du nombre de personnes infectées au coronavirus à laquelle notre pays se voit confrontée, le gouvernement réuni en conseil en date du 19 juillet 2020 a adopté le projet de loi modifiant la loi du 17 juillet 2020 portant introduction d'une série de mesures de lutte contre la pandémie Covid-19.
De manière générale, la situation est certes alarmante, mais n'est, à ce stade, pas comparable à la situation à laquelle le pays se trouvait confronté vers la mi-mars lors de la phase aigüe de la pandémie. Il n'en reste pas moins qu'il sera indispensable de parvenir à réduire le nombre de personnes infectées afin de ne pas perdre le contrôle de la situation.

Dans cette optique, les modifications suivantes ont été retenues :
• limitation du nombre d'invités au domicile à 10 personnes ;
• adaptation du nombre de personnes à 10, à partir duquel les rassemblements sont soumis aux conditions de places assises et de distance minimale de deux mètres, sinon le port du masque est obligatoire ;
• sanctionnement du non-respect des mesures d'isolement ou de mise en quarantaine d'une amende de 25 à 500 euros ;
• en cas de récidive, le non-respect des mesures de prévention commises par les commerçants, artisans, gérants ou autres personnes responsables des activités Horeca sont assorties du retrait de l'autorisation d'établissement pour une durée de trois mois.

PDF: Modifiaktioune vum Covid-Gesetz

Back to Top
CIM LOGO