
D'Donnéeë ginn op fräiwëlleger Basis bei Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, a méi wéi 90 Employéeën hunn, erhuewen. Concernéiert si Betriber aus der Industrie, dem Bau, dem Commerce an den Zerwisser.
Deemno beschäftegt den Telekommunikatiounszerwiss Post mat 4.650 Leit am meeschte Leit zu Lëtzebuerg. Iwwer 4.000 Employéeën hunn och d'Eisebunnsgesellschaft CFL, d'Supermarché-Chaîne Cactus an d'Botzfirma Dussmann.
Tëscht 3.000 a 4.000 Leit schaffen zu Lëtzebuerg beim Stolproduzent ArcelorMittal, der Bank BGL BNP Paribas an dem Pneuefabrikant Goodyear. D'Post ass dee gréissten Employeur zanterdeem se ArcelorMittal 2016 eng éischte Kéier iwwerholl huet.
Op der Lëscht vun de gréissten Employeure fënnt een och eng Rei Acteuren aus dem Spidols- a Fleegsekteur: fir de CHL, d'Hopitaux Robert Schuman an de CHEM schaffen all Kéier méi wéi 2.000 Leit, och SERVIOR, Hëllef Doheem an d'Elisabeth-Stëftung beschäftegen ëm déi 2.000 Leit.


Fir de Verglach: virun 10 Joer stoung ArcelorMittal mat 6.170 Employéeën nach op Plaz 1 vun där Lëscht, virum Cactus mat 3.900 an der Post mat 3.560 Leit. An 2003 hu 6.770 Persoune fir d'Arcelor geschafft, 3.610 fir de Cactus an 3.530 fir Goodyear.
Am meeschte Leit schaffen awer zu Lëtzebuerg nach ëmmer beim Staat, haut bal 30.000.