Coronavirus zu LëtzebuergVun 9.027 Tester waren der 86 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin onverännert bei 111 bleift.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 86 positiv geteste Patienten, 71 Residenten a 15 Non-Residenten. Dat sinn der elo am Ganze 5.725.

Vun den Infizéierte sinn der 4.662 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 43 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 111 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 357.637 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufen 9.027 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 1.136 aktiv Infektioune ginn a 4.479 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 55 (+2) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 5 (-2) Patiente sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 1.001 (+11) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO