Promoteur vs. Noper, Stad vs. StaatEck "Rue des Jardiniers/Rue de la Semois" soll ofgerappt ginn

Monique Kater
Iwwer 6.000 Gebaier an der Stad stinn ënner kommunalem Schutz.
© Screenshot Google Earth

Dëst si sougenannten "Ensembles sensibles". E Grupp Haiser, dee sech harmonesch an d'Stroossebild integréiert an net däerf ofgerappt ginn. Ëmbaute sinn nëmme mam Accord an ënner Kontroll vun der Stater Gemeng méiglech.

Den Eck Rue des Jardiniers/Rue de la Semois ass am Stater Bebauungsplang awer net geschützt a soll elo ofgerappt ginn. D'Monique Kater iwwer de kommunalen an nationalen Ëmgang mam Patrimoine, iwwer d'Muecht vun de Promoteuren an d'Oppositioun vun de Proprietären.

"Ensembles sensibles"
Iwwer 6.000 Gebaier an der Stad stinn ënner kommunalem Schutz.

Der Stad Lëtzebuerg no ass keng erhalenswäert Bausubstanz an dësem Hollerecher Bloc. De Kulturministère huet der allerdéngs 11 op den Inventaire gesat, zwee dovunner scho laang, éier de neie PAG ugeholl ginn ass.

De Proprietär vum Haus op der 1, Rue des Jardiniers wollt eis näischt soen. Ma d’Stater Buergermeeschtesch krute mir awer virun d’Kamera. Eng Demande fir ofzerappen, hätt si net kritt. D’Haiser hätten e gewësse Charme, mee am Kader vum PAG wier keng Reklamatioun erakomm. An awer hätt ee sech, wat d’Héicht ugeet, ugepasst:

Reaktioun Lydie Polfer
Et hätt ee sech, wat d'Héicht ugeet, ugepasst.

Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch iwwer deen do Projet

Weider Detailer vun der Stater Buergermeeschtesch
D'Lydie Polfer um RTL-Mikro.

Extrait aus dem Stater PAG

PAG vun der Stad Lëtzebuerg.
PAG vun der Stad Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO