ËmweltministèreEttelbrécker Ackerbauschoul krut Demande refuséiert, fir Juegd ze pachten

RTL Lëtzebuerg
Vun 2021 u wollt de Lycée Agricole an der Patton-Stad e Juegdlous pachten.
© RTL-Archiv

Dës Demande gouf awer negativ vum Ëmweltministère aviséiert. De Grond fir de Refus ass, datt dem Ministère no d'Konditioun vum "Intéret général", sou wéi en am Juegdgesetz vun 2011 fixéiert ass, net géif erfëllt ginn.

Esou en "intéret général", déi d'Ettelbrécker Ackerbauschoul invoquéiert huet, fir d'Juegd ze pachten, wier zum Beispill, wann et ëm ëffentlech Sécherheet géif goen, respektiv wann "sensibel" Juegdlouse bei Autobunnen, enger Gare oder dem Fluchhafe géife leien.

An dëse Fäll kéint zum Beispill och eng Gemeng oder de Staat e Juegdlous pachten - sou gesäit et d'Juegdgesetz vir.
All dëst géif net fir d'Demande vum Ettelbrécker Lycée gëllen, sou datt d'Demande refuséiert gouf.

All dës Informatioune ginn d'Ministeren Dieschbourg a Meisch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Graas an Arendt.

PDF: Äntwert vum Carole Dieschbourg a Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vum Gusty Graas a Guy Arendt (21.8.20)

Back to Top
CIM LOGO