Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.062 Tester waren der 67 positiv, keen neit Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 67 positiv geteste Patienten, 59 vun hinne si Residenten. Dat fir den 20. August. Et goufe 6.062 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 7.704 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 712.774 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 611 aktiv Infektioune ginn a 6.969 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 37 (+6) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 3 Patiente sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,940. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier (21.8.2020)

Back to Top
CIM LOGO