CoronavirusGedold ass gefrot, wat d'Waarden op en Impfstoff ubelaangt

Maxime Gillen
Jeannot Ries
Net virun 2021 wäert een Impfstoff disponibel sinn, sou d'Doktesch Françoise Berthet, d'Directrice Adjointe vun der Santé, am RTL-Interview.
Gedold gefrot beim d'Waarden op e Corona-Impfstoff
Net virun 2021 wäert een Impfstoff disponibel sinn, sou d'Dokter Françoise Berthet, d'Directrice Adjointe vun der Santé, am RTL-Interview.

Impfstrategie / Reportage Maxime Gillen

Villäicht am Ufank vum Joer 2021. Awer éischter eréischt am Laf vum Joer wäert ee mat engem Corona-Impfstoff kënne rechnen.

De Covid-19 wäert eis deemno nach eng Zäit beschäftegen. Weltwäit leeft d'Sich no effikassen Impfstoffer op Volltouren. Der Weltgesondheetsorganisatioun no ginn den Ament eng 30 méiglech Vaccine klinesch getest. Well an dësem Fall awer e ganz neit Mëttel developpéiert muss ginn, hëlt dat Zäit.  D'Lëtzebuerger Autoritéite wëllen näischt dem Zoufall iwwerloossen. Souwuel wat d'Effikassitéit bei den Impfstoffer ubelaangt, grad wéi och d'Sécherheet. Een Aarbechtsgrupp hëlt sech den Ament dëse Froen un.

Als klengt Land huet Lëtzebuerg de Choix getraff, sech der Europäescher Unioun unzeschléissen, wat den Akaf vun Impfstoffer ubelaangt. D'EU, déi den Ament Pre-Accorde mat 4 méigleche Fournisseuren huet. D'Françoise Berthet geet dervun aus, datt net just een Impfstoff zu Lëtzebuerg wäert agesat ginn. Et wier wichteg, déi verschidde Produkter z'analyséieren. An dann eventuell a Sous-Gruppe vun der Populatioun anzesetzen. Villäicht géif deen een Impfstoff sech éischter fir eeler Leit eegenen an een anere fir schwanger Fraen.

D'Dokter Berthet geet och dervun aus, datt Lëtzebuerg an enger éischter Phas net genuch Impfstoffer wäert zur Verfügung hunn, fir déi ganz Populatioun an engem Coup ze impfen. Ëmsou méi, well éischten Test-Resultater no, e Rappell no zwou bis 4 Woche wäert néideg sinn. Vulnerabel Leit a Risikogruppe wäerten deemno prioriséiert ginn.

„Le premier motif pour lequel il faut faire une priorisation c'est que très probablement nous n'aurons pas accès à une quantité de vaccins suffisante en une fois pour vacciner tout le monde à la fois. Donc il faudra choisir à qui nous allons offrir ces vaccins de manière prioritaire. Le deuxième motif c'est que nous allons vouloir certainement protéger en priorité ceux qui sont le plus exposés au risque de la Covid."

Extrait Dr Berthet

Nach net gewosst ass op dësem Ament och, wéi laang den Impfstoff virum Covid-19 schütze wäert. 3 Méint? Ee Joer? - wat éischter ze hoffe wier. Vill Froe stinn den Ament weider am Raum. An d'Experte ginn dervun aus, datt den Ament, wou éischt Impfstoffer op de Maart kommen, och net all wäerte beäntwert sinn. Et ass dann u jidder eenzelem Bierger dann ofzeweien, ob e sech géint de Virus impfe léisst oder net.

„En l'absence de réponses à toutes les questions, on peut comprendre que certaines personnes fassent un analyse, une balance du risque et des bénéfices qu'ils ont vis-à-vis de cette vaccination. Est-il plus risqué pour eux d'être malade de la Covid parce qu'ils ne se sont pas protégés ou est-cil plus risqué pour eux de prendre un risque de vaccination par rapport à une infection par le Sars-Cov2.“

Ma och ouni Vaccin géifen et Methode ginn, fir déi Leit virum Virus ze schützen, wéi d'Medezinnerin erkläert.

Extrait Dr Berthet

„Si nous constatons qu'il n'y a pas vaccins efficaces pour les personnes très agées par exemple, parce que leur système immunitaire n'est plus en mesure de répondre à la vaccination, on pourrait imaginer une stratégie de Cocooning, c'est-à-dire qu'on vaccine l'entourage, toutes les personnes qui ont des contacts avec ces personnes particulièrement fragiles de telle manière à ce que ces personnes particulièrement fragiles ne soient pas en contact avec les virus.“

Eréischt wann eng 70% vun der Populatioun geimpft ass, ass nees un en normaalt Liewen ze denken, wéi mer et virum Mäerz dëst Joer gewinnt waren, sou d'Dokter Françoise Berthet.

Nous estimons que 50% est probablement trop faible comme proportion de population et qu'il faut probablement viser 70% voire plus. Ça c'est pour empêcher la circulation du virus.“

Aktuell géif dann och en entspriechenden Aarbechtsgrupp un enger Strategie schaffen, déi festleet, wéi eng Gruppe vu Leit als éischt solle geimpft ginn an evaluéiert, wéi eng Zort Impfungen am beschte fir déi Lëtzebuerger Bevëlkerung wieren.

 

Back to Top
CIM LOGO