An der Grenzregioun hat ee sech dru gewinnt, dass d'Lännergrenzen u sech net ze spiere waren. Esou och tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Mam Confinement an duerno mat der Diskussioun ronderëm d'Risikogebitter ass d'Grenz awer méi visibel ginn. Fir en Zeeche vu Frëndschaft an Noperschaft onofhängeg vum Territoire ze setzen, hu Geschäftsleit aus der Regioun vu Wallenduerf op en Iessen tëscht de Länner agelueden. Ugestouss gouf op der aler Grenzbréck zu Wallenduerf. Geschäftsleit, Politiker a Kulturvertrieder hunn sech bei regionale Produiten zesumme fonnt, fir sech iwwert déi aktuell Situatioun auszetauschen.
Lëtzebuerg kann an deem ale Muster vun den zouene Grenze net méi seng Zukunft gestalten, dat huet den Europadeputéierte Charles Goerens ënnerstrach. D'Decisioun, déi fräi Beweegung vun de Leit iwwert d'Grenzen eraus anzeschränken, huet d'Grenzregioun besonnesch markéiert, an dat net nëmmen ekonomesch. Den Handel huet natierlech gelidden, ma ëm sou méi huet d'Onsécherheet de Leit op béide Säiten zougesat.
Den däitschen Deputéierte Patrick Schnieder erënnert sech u schwéier Verhandlungen. Berlin wier wäit fort an et hätt ee sech och nach mat anere Nopeschlänner misse befaassen. Dem Patrick Schnieder goungen d'Negociatiounen awer net séier genuch. Et hätt een d'Situatioun méi genee sollen analyséieren, amplaz einfach nëmmen eng festgeluechten Zuel z'applizéieren.
Zesumme liewen, wunnen a feieren. Dat mécht Europa méiglech an dësen Zäitgeescht liewen d'Bierger aus der Lëtzebuerger-däitscher Groussregioun. Mënschen aus deenen zwee Länner ronderëm en Dësch bréngen an esou d'Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg an Däitschland ënnermaueren: Dat war den Organisateure wichteg. Aus der Pandemie soll een elo d'Léier zéien, dass Europa och a schwéieren Zäite mat enger Stëmm agéiere muss. Dee Wonsch ass vu verschidde Plazen um laangen Dësch op der Grenzbréck ze héieren.
