RTL war sech e Bild zu Bouneweg uewe beim Aris-Terrain maachen. Eng vun de Quartiers-Kiermessen, déi d'Fouer dëst Joer ersetze soll.
Wa sou eng Hëtzt ass, wéi den Ament, hëlt dann och net nëmmen den Appetit sech a Grenzen, mee och d'Loscht op d'Geknupps. 10.000 bis 20.000 Euro vun der Stad, pro Karussell, an dann 2 Méint gratis fueren. Ze wéineg Geld fënnt de President vun de Forainen, de Charel Hary.
"Net dat, wat mer eis virgestallt hunn" an "näischt ersetzt eis d'Schueberfouer" - dat ass den Haaptmessage um Dag, op deem d'Fouer ouni Corona-Kris opgaange wier.
Andréck vun der Fouer-Alternativ kënnt Dir iech an eisem Video-Reportage ukucken.