PoliceZeienopruff no Accident mat Schwéierblesséiertem de 24. Juli op der N5
Freides de 24. Juli géint 6.15 Auer war en Automobilist tëscht Dippech a Bartreng mat sengem roude Peugeot 206 op d'Géigespuer geroden an an e Bam gerannt.
Verëffentlecht: 27.08.20 10:42, Update: 10.12.25 11:38
De Chauffer gouf beim Accident schwéier blesséiert.
Eventuell Zeie vum Accodent solle sech w.e.g. bei der Police zu Capellen mellen, via Telefon: (+352) 244 301000 oder via Mail: police.capellensteinfort@police.etat.lu.