Coronavirus zu LëtzebuergVu 5.235 Tester waren der 24 positiv, keen neit Doudesaffer
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
Verëffentlecht: 01.09.20 17:09, Update: 01.09.20 17:51
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 24 positiv geteste Patienten um Dënschdeg. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 5.235 Tester vu Residente gemaach.
Aktuell si 28 Leit hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1.05.
PDF: De Rapport journalier vun der Santé