Coronavirus zu LëtzebuergVun 7.369 Tester waren der 43 positiv, keen neit Doudesaffer
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
Verëffentlecht: 04.09.20 17:15, Update: 04.09.20 17:15
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 43 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufen 7.369 Tester vu Residente gemaach.
Aktuell sinn 11 Leit hospitaliséiert, dovunner kee méi op der Intensivstatioun.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01.
PDF: De Rapport journalier vun der Santé