Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Doudesaffer méi op elo 133, vun 282 Tester waren der 9 positiv
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, op 133 geklommen ass.
Verëffentlecht: 12.10.20 17:01, Update: 12.10.20 17:56
Aktuell sinn 48 Leit hospitaliséiert, 3 Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.364 aktiv Infektiounen. 8.234 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,320.
PDF: De Rapport journalier vun der Santé