Parquet gouf kontaktéiertFra beim Klauen a Stater Geschäft erwëscht ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Samschdeg de Moie gemellt, dass eng Persoun no engem Déifstall an engem Geschäft an der Stad festgeholl gouf.
© Archiv

D’Fra hätt Kosmetik-Artikelen a Kleeder geklaut a wier du fortgelaf. E Sécherheetsagent hätt d’Fra ertappt a festgehalen. D’Täterin hätt doropshi versicht, sech ze wieren.

De Parquet wier kontaktéiert ginn, ass nach am Police Bulletin ze liesen, an hätt ordonéiert, dass d’Fra virun e Riichter kënnt.

Back to Top
CIM LOGO