Police2 alkoholiséiert Automobiliste kruten de Permis ofgeholl
An der Rue de Saeul zu Räichel ass e Freideg de Moie géint 9.40 Auer een Automobilist opgefall, dee Problemer hat, säi Gefier ze steieren.
Verëffentlecht: 30.10.20 12:54, Update: 08.12.25 12:25
De Chauffer hat Alkohol gedronk, de Permis war fort.
Bei engem Accident tëscht 2 Gefierer an der Avenue Monterey an der Stad, wou et bei liichtem Materialschued bliwwen ass, hat och ee Chauffer ze vill gedronk, och do war de Permis fort.