Parlamentaresch FroRegierung geet an Affär am Zesummenhang mat de Panama Papers an Appell
Well d’Steierverwaltung Affekoten opgefuerdert hat, Informatioune vu Clienten erauszeginn, haten d'Affekoten um Verwaltungsgeriicht geklot a Recht kritt.
Verëffentlecht: 10.11.20 15:06, Update: 15.12.25 10:27
D’Riichter waren der Meenung, d'Steierverwaltung wier iwwert hir Virrechter erausgaangen.
De Finanzministère schreift a senger kuerzer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV, datt en déi Interpretatioun vum Geriicht net deelt an dowéinst an Appell geet.