Op engem Pressebriefing huet en Donneschdeg de Moien den Educatiounsministère iwwert d'Corona-Situatioun an de Schoulen informéiert.

Fir de Moment fënnt den Educatiounsministère et net fir néideg, fir e generaliséierten AB-Modell an der Schoul anzeféieren. 3 Lycéeë si schonn an den ieweschte Klasse vu 4ième un op dee System iwwergaangen. Hei soll och an Zukunft d'Autonomie vun de Lycéeë spillen.

Méi streng Mesurë wieren eréischt dann néideg, wann d'Regierung allgemeng nei Restriktiounen decidéiere géif, dat sot de Claude Meisch en Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz, op där e Rapport vun der éischter Hallschent vun dësem Trimester virgestallt gouf.

Am Fondamental an an der Maison relais kënnt elo eng Maskeflicht vum Cycle 2 un, soubal de Schüler sech beweegt. Am Schoulsport an an de Kantinne gëllen déi selwecht 4er-Reegele wéi baussent der Schoul an d'Reuniounen tëscht méi wéi 4 Persoune vum Schoulpersonal sollen digital organiséiert ginn.

Extrait Claude Meisch

Derbäi kommen eng Rei organisatoresch Vereinfachungen, wéi zum Beispill, dass Schüler aus Klassen, an deenen eng Persoun infizéiert ass, kënnen um 6. Dag an der Schoul getest ginn.

„Mir hunn och decidéiert, an do hu mir ab dem nächste Méindeg eng Testcapacitéit stoen, fir déi Schülerinnen a Schüler, déi am Zenario 1 mussen de 6. Dag getest ginn, fir dat an der Schoule kënnen ze maachen. Ech denken, dat bréngt net nëmmen eng Erliichterung fir d'Laboen, mä et bréngt hei och nach eng Kéier eng Vereinfachung fir d'Elteren, d'Schüler an d'Schoulen matsech. Ech ënnersträichen awer, dass dat natierlech nëmme stattfënnt mam Accord vun den Elteren.“

Ausserdeem wier een am gaangen, sech ze preparéieren, fir de Fall, dass méi streng Restriktioune missten agefouert ginn. Ënnert anerem wieren 120 Leit agestallt ginn, fir kënnen d'Surveillance vu Klassen z'iwwerhuelen, wann en Deel vun der Klass misst à distance enseignéiert ginn.

De Minister Claude Meisch huet iwwerdeems ugekënnegt, datt de Stufemodell iwwerschafft gëtt mat engem weideren Zenario, fir méi präzis soen ze kënnen, ob sech an der Schoul ugestach gouf oder net. Den neien Zenario 3 spillt bei 2-5 Infektiounen an enger Klass. Den Zenario 4 gëtt applizéiert bei méi wéi 5 Fäll oder klasseniwwergräifenden Infektiounen.

Allgemeng wier de Stufemodell an der Schoul awer effikass gewiescht, sou de Ministère a sengem Rapport. De Gros vun den Infektioune wieren Eenzelfäll gewiescht an de Virus wier nom éischte Fall an der Klass gestoppt ginn, sot den héije Beamten am Educatiounsministère Romain Nehs op enger Pressekonferenz. Néierens hätt eng ganz Schoul missen zougemaach ginn. D'Verbreedung wier och ouni Quarantän duerch isoléiert Klasse gestoppt ginn.
„Mir hunn an der Educatioun haut sécher sanitär Standarden. Mir hunn e Modell, deen et erlaabt ëmmer nees Mesuren och ganz geziilt ze huelen an unzepassen. Dee Modell huet sech an deene leschte Wochen bewäert, well do wou de Virus present war, hu mir en an all Fall ëmmer erëm gestoppt kritt,“ esou de Minister Meisch.

Zanter Mëtt Oktober hunn d'Infektiounsfäll och an de Schoulen zougeholl. Besonnesch am Secondaire an zwar virop op den ieweschte Klasse vu 4ième un. D'Schoul hätt awer net zu der acceleréierter Entwécklung bäigedroen, wier net den Dreiwer vun der Pandemie, sou de Romain Nehs.

Wat d'Kanner méi jonk sinn, wat de Virus manner present ass. Och an der Grondschoul selwer ass de Cycle 1 manner betraff wéi déi aner.

Corona-Mesuren an der Schoul / Reportage Maxime Gillen

D'Pressekonferenz am Replay