Nodeems de Publicitéitsmarché tëscht Abrëll a Juni däitlech zeréckgaang ass, sinn d'Pub-Recetten an den dräi Méint duerno nëmmen ëm 2% zeréckgaangen.

RTL Group rechent fir d'ganzt Joer mat engem Ëmsaz vun 5,8 Milliarden Euro an engem ajustéierte Bruttoresultat vu ronn 720 Milliounen, virausgesat, datt déi wirtschaftlech Reprise unhält.

Besonnesch am Streaming huet d'Mammenhaus vun RTL däitlech méi verdéngt, well d'Offer an d'Abonnementer ausgebaut goufen. TV Now a Videoland hu ganzer 24% zougeluecht, fir op 124 Milliounen Euro ze klammen.