No der Stoltripartite schwätzt den LCGB vun engem "makaberen Deal". Engersäits géing delokaliséiert ginn an anerersäits hätt den Terrain vill Wäert.

ArcelorMittal mécht säi Site zu Dummeldeng net zou. Sou reagéiert de Stolkonzern an der Gratiszeitung l’essentiel op Virwërf vum LCGB no enger Reunioun vun der Stoltripartite en Donneschdeg de Moien. D’Gewerkschaft hat vun engem Zitat „makaberen Deal“ geschwat: engersäits géing delokaliséiert ginn an anerersäits hätt den Terrain zu Dummeldeng vill Wäert. ArcelorMittal seet awer l’essentiel géigeniwwer et géing doriwwer nogeduecht ginn, ob d’mechanesch Ateliere vun Dummeldeng nach fir Belval, Déifferdeng a Rodange effikass sinn. Um gréissten Deel vu sengen Terrainen zu Dummeldeng huet ArcelorMittal keng Aktivitéite méi an et gëtt iwwert ee groussen neie Quartier nogeduecht.

Bei der Stoltripartite en Donneschdeg de Moien huet den LCGB iwwerdeems festgestallt, datt den Ofbau vu 536 Aarbechtsplaze bei ArcelorMittal kéint mat 308 Preretraiten - dorënner 237 préretraite-ajustement - opgefaange ginn. 208 Plazen am Sureffectif missten an d’Cellule de reclassement.

De Stolgrupp hat am September ee grousse Restrukturéierungsplang annoncéiert. Dat well engersäits d’Demande fir Stol méi kleng ass ewéi d’Offer a well ArcelorMittal Wëlles huet, gewëss Aktivitéiten z’automatiséieren an z’externaliséieren.

Geplangt sinn Investissementer tëscht 150 an 200 Milliounen Euro.

En Datum fir eng nächst Reunioun ass nach net bekannt. Aarbechtsgruppe géingen elo d'Viraarbecht maachen.