Coronavirus zu LëtzebuergVun 11.715 Tester waren der 602 positiv, 4 Doudeger bäikomm

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, datt 4 weider Leit, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn. Am Ganze sinn et elo 266 Doudeger.
© RTL

Aktuell sinn 226 Patienten hospitaliséiert, dovunner 45 op der Intensivstatioun.

Den Taux de positivité läit bei 5,14%.

Quasi gläichzäiteg mat der Annonce vun den neisten Zuelen, huet de Staatsministère och ugekënnegt, dass e Méindeg um 13 Auer op engem Pressebriefing de Point iwwert déi nei Mesurë gemaach wäert ginn, déi am Kader vum Covid-Gesetz geplangt sinn.

Un deem Briefing huele souwuel de Premier Xavier Bettel, ewéi och d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert deel.

RTL iwwerdréit d’Pressekonferenz vun 13 Auer u live op Radio, Tëlee an Internet.

Back to Top
CIM LOGO